ALR Film: Schlecht Gewëssen

De neie Film vum Studio ALR ass eraus: SCHLECHT GEWËSSEN! An dat kann déi jonk Fra, gespillt vum Jil Jungblut, wierklech hunn. Si huet nämlech no enger Party mam Auto hire Frënd iwwerrannt. Vun do aus gëtt hatt vu sengem schlechte Gewësse geplot. Seng Frënn probéieren him aus dëser Kris ze hëllefen an erëm zu engem méi oder manner normale Liewen ze fannen. De Film dauert 14 Minutten a kann online gekuckt ginn. https://www.alr.lu/activites/pro-et/studio-alr/films-actuels

“Mir léiere Filmen” ass eng Mëttegaktivitéit am ALR, wou kleng Filmer gedréit ginn. D’Ziel ass et, datt d’Schüler de ganze Prozess vun der Filmproduktioun kenne léieren.